De Michele Luca

De Michele

cdm

 

Wie sidd Dir a wat maacht Dir?

Mäin Numm ass Luca (25) vun Déifferdeng an ech si Make-up Artist. An deem Beruff ass natierlech de Kontakt zu de Client‘en immens wichteg. Zu menger Aarbecht gehéieren Hochzäiten, Fotoshootingen, Defilé'en, Gebuertsdeeg, Workshoppen an nach villes méi. Fir sou Evenementer schaffen ech als Make-up Artist.

Wéi ass et dozou komm, dass Dir Är Servicer elo online ubitt?

Ech si gewinnt meng Make-up Workshops bei mir am Studio zu Déifferdeng (1535 Creative Hub) ze maachen, an hunn elo wéinst der aktueller Situatioun mäi Studio online zur Verfügung gestallt, wou ech weiderhinn Tipps an Tricks iwwer Facetime ubidden.

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn?

Et kann een sech och doheem wuel fillen an et kann een ëmmer eppes Neies dobäi léieren.