Ottika Enza

Ottika Enza

cdm

 

Wie sidd Dir a wat mëscht Äre Betrib? 

Ech sinn d’Enza, säit 30 Joer Optikerin a säit 2 Joer hunn ech mäin eegene Brëllebuttek. Mir verkafe Brëller, Sonnebrëller a Kontaktlënsen. Mir passen ausserdeem och nach Kontaktlënsen un a maachen Aentester. 

Wéi ass et dozou komm, dass Dir nach ëmmer Är Diere fir d’Clienten op hutt a wat hutt Dir missten upassen? 

Well mir ee „Métier de Santé“ sinn a well d’Leit och wärend dem Confinement hire Brëll futti maachen oder Kontaktlënse brauchen, si mir op! Mir krute vum Ministère de la Santé an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers Masken, Händschen a Gel Hydroalcoholique. Ausserdeem loosse mir ee Client nom aneren an de Buttek. Dat heescht wann een zweete Client do ass waart deen dobaussen. 

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn? 

Mir si fir Iech do falls Dir eis braucht.

Mais „bleift Doheem“ wann et net néideg ass eraus ze goen, fir dass mir alleguerten esou séier wéi méiglech ons „Fräiheet“ zréck kréien!

Bleift Gesond!