Formations

#TeamLëtzebuerg gewënnt eng Bronze-Medail op den Europameeschterschafte vun de Beruffer

  • Publié le 24.09.2021
#TeamLëtzebuerg gewënnt eng Bronze-Medail op den Europameeschterschafte vun de Beruffer

Vum 22. bis de 26. September waren zu Graz an Eisterräich d’EuroSkills, d’Beruffs-Europameeschterschafte vun de Jugendleche bis 25 Joer.


Dobäi handelt et sech ëm d'Europameeschterschafte vun de Beruffer aus Handwierk, Industrie, Handel an Horeca.

Aus iwwer 20 europäesche Länner sinn Delegatioune vu Jugendleche mat hiren Traineren ugereest, déi a knapp 50 verschiddene Beruffer géinteneen ugetruede sinn. 


Team Lëtzebuerg war vertrueden mat folgenden Talenter:
•             Masselter Lukas – Glass Construction Technology
•             Meyer Kevin – Plumbing and Heating
•             Weiwert Steve – Web Development
•             Massen Noah – Mobile Robotics
•             Pinto Monteiro Marina – Beauty Therapy
•             Meyers Jim – Cooking
•             Silva Ivo – Entrepreneurship Business Development
•             Offner Clémentine – Entrepreneurship Business Development
•             Albert Georges – Restaurant Service

D'Clémentine Offner an den Ivo Silva hunn an der Kategorie "Entrepreneurship" eng Bronze-Medail ofgeraumt.

Felicitatioun alle jonken Talenter an hire Coachen, déi bei dësem Concours matgemaach hunn ! 

#weareproudofyou #TeamLëtzebuerg #WorldskillsLuxembourg #Handsup #Euroskills2021 #Beruffsausbildung #PerspektivHandwierk

Weider Info iwwert de Concours op https://www.rtl.lu/news/national/a/1791178.html oder www.worldskills.lu