Mon entreprise

L’inauguration des Journées eHandwierk 2016

  • Publié le 31.05.2016
CDMConfe¦ürences1-79[1]

Soirée d’inauguration 30 mai 2016 - Ce lundi a eu lieu l’inauguration des Journées eHandwierk 2016 à la Chambre des Métiers en présence de Monsieur Xavier Bettel, Premier Ministre et Ministre des Communications et des Médias, qui par des mots encourageants et stimulants a vivement su appuyer les entreprises dans leur démarche digitale. 


« Miser sur les points d’intersection du client et de la production, percevoir le consommateur dans sa capacité de prosumer, communiquer et s’interconnecter, trouver des concepts intégraux pour le numérique, collaborer mais savoir aussi se révolter pour mettre en valeur la flexibilité et la créativité inhérentes à l’artisan » tels étaient les messages clés de Christoph Krause du Kompentenzzentrum « Digitales Handwerk WEST » à Coblence. Avec son dynamisme, ses réflexions éloquentes et surtout son approche franche, il a su fasciner et interpeller les entreprises présentes pour se lancer et se recréer sur base de l’idée du numérique.

Monsieur Roland Kuhn, président de la Chambre des Métiers relevait lors de son discours l'importance de la sensibilisation et de l'éducation pour le numérique tandis que Monsieur Vincent Lekens, président de la Fédération des Intégrateurs mettait l'accent sur la sécurité pour garantir la réussite dans le monde digital.

Pour rappel, les Journées eHandwierk auront lieu les 7 et 8 juin à la Chambre des Métiers. 
Infos et inscriptions sur www.cdm.lu

Toutes les photos de la soirée d'inauguration ainsi que les actualités des Journées eHandwierk sont disponibles sur l’application mobile « Journées eHandwierk ».

 


Discours de Monsieur Xavier Bettel, Premier Ministre et Ministre des Communications et des Médias

Dir Damen an Dir Hären,

Wann hei zu Lëtzebuerg vum IT Secteur geschwat gëtt, denkt een ëmmer un déi grouss ‚Staren‘ wéi eBay, PayPal, Skype, Amazon.

Och wa mir natierlech houfreg sinn datt dës Boîten sech zu Lëtzebuerg laangfristeg néier gelooss hunn, sinn ech zur Conclusioun koum, wéi ech mech fir dës Konferenz virbereet hunn, datt déi richteg Staren vun der Digitalisatioun ganz anzwousch anescht ze siche sinn.

Nämlech an den Handwierks – , an de klengen – a Mëttelbetriber.

Technologie ass hautdesdaags transversal an iwwerall. Och wann een iech net d’office mat IT associéiert, ass IT an iech dran. Dir sidd amgaang iech ze digitaliséieren, an dir hutt et dobäi méi schwéier wéi e grousse Betrib deen op ganz aner Ressourcen kann zréckgräifen.

Wéi ech erkläert krut, wat Dir maacht, war ech immens impressionéiert. Eng Pâtisserie déi dank der Technologie Allergene ausschléisse kann, een Optiker deen ubidd virtuell Brëller unzeprobéieren, ee Podolog deem d‘3 D Modellisatioun helleft Einlagen hirzestellen.

Dat ass dat Digital Lëtzebuerg wat ech wëll!

Dat Digital Lëtzebuerg wat e konkrete Notzen fir de Bierger huet, wat Iech hëlleft Är intern Prozesser ze verbesseren, Käschten ze spueren, Är Produiten ze personnaliséieren, Är Cliente nach méi efficace ze servéieren.

Ech wënsche mir e Lëtzebuerg wou all d’Betriber mat op de Wee ginn vun deenen déi am Cader vun dëse Journeeën virgestallt ginn.

Dofir félicitéieren ech den Organisateuren fir hir Initiativ dës Efforten ze beliichten a weider ze encouragéieren.

Wann ee sech ukuckt, wat dir duerstellt, gesäit een de Potential deen dra stécht.

Mir schwätzen vun engem grousse Secteur, matten an der Gesellschaft.  D’Zuel vun den Handwierksbetriber geet konstant erop. Et goufen nach ni esou vill Handwierksbetriber wéi am Moment: bal 7000, an dat sinn der souguer 1000 méi wéi 2011. De Secteur beschäftegt  iwwer 85 000 Persounen, dat ass iwwer 3 mol esou vill wéi 1970.

Mir wëllen iech bei der digitaler Transformatioun hëllefen.

Déi digital Wirtschaft déi mir wëllen ass eng Wirtschaft vun der jiddereen profitéiert an un der jiddereen kann deelhuelen.

Fir dat Ziel ze erreechen huet dës Regierung d’Initiativ Digital Lëtzebuerg lancéiert. Dat ass eng Initiativ fir iech, mat iech. Digital Lëtzebuerg ass eng horizontal Strategie vun der Regierung fir digital Servicer an IT Technologien zu Lëtzebuerg ze développéieren, mam Ziel fir d’Liewen méi einfach a méi agréabel ze man, souwuel fir d’Entreprisen wéi fir d’Bierger, an eis Kompetitivitéit ze verbesseren.

Eng vun eise Prioritéiten ass d’administrativ Vereinfachung.

Eng modern Administratioun muss dem Bierger – an och den Entreprisen - d’Méiglechkeet bidden, seng Démarchen vun doheem aus kennen ze maachen, a sech net méi mussen bis an d’Staat, an d’Administratioun, op d’Bank, resp. op vill verschidden Platzen ze déplacéieren. Dat spuert Zäit, vill onnëtz Trajets-en, an domat och Geld.

De Minister vun der Fonction Publique huet den Aktiounsplang “Einfach Lëtzebuerg” lancéiert fir eng méi oppen an transparent Administratioun anzeféieren. An den nächste Méint féiere mer en Tracking System a fir administrativ Prozeduren. Wann een eng Demande bei enger Administratioun mécht, oder zum Beispill op eng Genehmegung waart, da kann een an Zukunft iwwert eng Referenznummer erausfannen, wou deen Dossier drun ass, wie grad dermat befaasst ass a wou een Informatioune ka kréien.

Och d ‘Créatioun vun engem Betrib soll zu Lëtzebuerg nach méi einfach ginn. Am deem Sënn geet mam Projet de loi 5730 och geschwënn eng global Reform vum Gesellschaftsrecht duerch d’Chamber. Dernieft erméiglecht de Projet de loi iwwert d’SARL simplifiée déi sougenannten “1 Euro Gesellschaft”. Mir plangen och eng Maison de l’Entrepreunariat, wou och de Staat, zesumme mam Privatsecteur eng Plaz wëllt schafen, wou Leit, déi sech wëlle selbstänneg maachen, ënnerstëtzt ginn.

Mir hunn eis ausserdem nach  aner Prinzipien ginn, déi vun elo un gëllen, wann et drëm geet, en neie Gesetzesprojet, oder eng nei Initiative z’adoptéieren, an op déi mir wëllen bauen:

‘Digital by default‘ – all nei administrative Démarchen sollen an Zukunft vun Ufank un elektronesch kenne gemaach ginn. Dofir musse mir, als Responsable vun der Regierung, bei all neiem Gesetzesprojet den eletroneschen Volet vun Ufank un mat am Aa hunn a mat gestalten an net – wéi an der Vergaangenheet dat oft de Fall wor – eréischt duerno iwwerleeën, wei een den eletroneschen Volet kéint mat ëmsetzen, wann bis d’Démarche a Kraaft as.

An di existent Démarchen musse mer natierlech elo opschaffen an eng no daer aanerer elektronesch disponibel maachen. Dorobber schaffen d’Equipen vum Dan Kersch ganz aktiv drun.

‘Once only‘ also de Prinzip vum ‘Just eemol’ – de Staat soll just nach eemol d’ Donnéeën vum Bierger oder vun engem Betrib froen däerfen.

De Rôle vum Guichet unique, dem elektroneschen Portail vun der Verwaltung, gëtt och gestäerkt. Sou kann den de Bierger oder de Betrib op enger Platz seng administrative Prozesser ofwéckelen.

Dat alles ass just sënnvoll ënnert der Viraussetzung datt jiddereen Zougang zu leeschtungsstaarken an abordabelen Infrastrukturen huet. Eisen Plan ultra-haut débit suergt dofir datt iwwerall am Land de ganz séieren Internet disponibel ass.

Eng aner Prioritéit sinn déi digital Kompetenzen.

Mir kënnen als Land net digital fit sinn, wann d’Leit et net sinn. Mir wäerten all vun der Evolutioun vun der Technologie dépasséiert sinn an Zukunft wa mir keng Leit hunn déi si maîtriséieren. Dofir hu mir eng ganz Rei Initiativen an d’Liewen geruff, e.a. de Projet Digital(4)education, wou IT an den Alldag vun de Lycéesschüler integréiert gëtt, d’Makerspacen wou déi Jonk an hirer Fräizäit un hiren eegene technesche Projeten schaffe kënnen, d’Schoul Fit4coding, oder nach d’Formatioun WebForce3 déi bannen 3 Méint Chômeuren am Beräich vun den neien Technologien ausbild fir datt si direkt asazfäeg sinn.

Dat ass Digital Lëtzebuerg: pragmatesch, séier Léisungen, op e Problem fannen. Wann Dir aner gutt Iddien hutt déi an dee Cader eraléissen, kënnt Dir mir se gären matdeelen a mir kucke fir se mat u Bord ze huelen!

Datt Är IT-Evolutioun ausserhalb vun esou Konferenzen wéi der heiter net opfält, ass awer e gutt Zeechen. Et ass wéi sou oft op der Aarbecht: alles wat gutt leeft, fält net op. Réischt wann et zu engem Problem kënnt, fält op datt eppes Neies gemaach ginn ass.

Datt et iech gëtt, heescht datt dir mat der Zäit gitt, an iech nei opgestallt hutt.

Ech zielen ob iech fir de ganze Secteur matzerappen an zesummen vun dëser Dynamik ze profitéieren.

Well Handwierk an Technologie si keng Widderspréch, mä Technologie ass en Handwierk, an d’Handwierk kann nëmmen vun der Technologie profitéieren.