Club Innovation – D’Digital Transformatioun um Beispill vun Cloos & Kraus S.à r.l.
29.09.2022 16:45
Dëst Evenement ass op Lëtzebuergesch
2017 huet d’Firma Cloos & Kraus beim Fit 4 Innovation matgemaach. Um Uschloss un den Diagnostik Fit 4 Innovation mat TrAxxion huet d’Firma sech ënner anerem entscheet d’Digitalisatioun am Betrib weider auszebauen. Nodeems eng Strategie ausgeschafft ginn ass, sinn déi eenzel Beräicher am Detail analyséiert gi fir e komplette Cahier des Charge opzesetzen. Natierlech ass dat dann och alles ëmgesat ginn. Dëss digital Transformatioun ass am Kader vum Fit 4 Digital zesumme mam Consultant gemaach ginn.
Wärend dësem Club Innovation, wäert eis d’Firma Cloos & Kraus e Retour d’Experience vum ganze Projet ginn. Si wäert eis och hiren Dashboard presentéieren deen op Mesure entwéckelt ginn ass. Dësen erlaabt et dem Management déi wichtegst Zuele vum Betrib, déi permanent aktualiséiert ginn, op ee Bléck ze gesinn, eppes wat virdrun net méiglech wor.
Programme | |
---|---|
16:45 | Accueil |
17:00 | Ufank vum Evenement |
18:30 | Networking Drink |
Date et horaire
Donneschdes den 29. September 2022 um 16h45
Lieu
Cloos & Kraus S.à r.l.
10, ZAC Jauschwis
L-7759 Roost
Wichteg!
D'Platzen si limitéiert op 30 Persounen. Mir confirméieren är Participatioun eng Woch virum Evenement.
Contact