categorie

Club Innovation - Innovatiounsmanagement

12.10.2021 17:00

Wéi eng Faktore si wichteg fir kleng a mëttelgrouss Betriber?


Wann ee vun Innovatioun schwätzt, dann denkt een oft direkt u Kreativitéit a Spontaneitéit, an net u Struktur a Reegelen. Mee et ass awer wichteg fir eng Firma d'Innovatiounsaktivitéite systematesch ze plangen, ze steieren an ze kontrolléieren, fir d'Iddien optimal ëmzesetzen.

Wärend dësem Club Innovation kucke mir wat een ënnert Innovatiounsmanagement versteet, wéi ee strukturéiert un dës Aktivitéit erugeet a wéi Luxinnovation Iech dobäi ënnerstëtze kann.

Dëse Club Innovation fënnt op Lëtzebuergesch statt. D'Participatioun kascht näischt, mee mir bieden Iech, Iech bis den 8. Oktober iwwert den Online-Formulaire vum Evenement unzemellen.

OPGEPASST: Dës Editioun vum Club Innovation fënnt online statt. Dir kritt kuerz virdrun ee Link per Mail geschéckt.

 

Programme

17h00

Innovatiounsmanagement - Wéi eng Faktore si wichteg fir kleng a mëttelgrouss Betriber?

Claude Hostert, Senior Advisor, Luxinnovation

 

Dës Konferenz fënnt op Lëtzebuergesch statt. lu

 

Wéini?
Dënschden, den 12. Oktober um 17 Auer.

 

Wou?
Dës Editioun vum Club Innovation fënnt online statt. Dir kritt kuerz virdrun ee Link per Mail geschéckt.

 

Konditiounen
D'Participatioun kascht näischt, mee mir bieden Iech, Iech bis den 8. Oktober iwwert den Online-Formulaire vum Evenement unzemellen.

 

Partenaires
Enterprise Europe Network
Luxinnovation

 

Contact