100 Joer Chambre des Métiers - Allocution de Monsieur Tom OBERWEIS

  • Publié le 07.03.2024

100 Joer Chambre des Métiers

Allocution de Monsieur Tom OBERWEIS, Président de la Chambre des Métiers

 

 

Luxembourg, le 7 mars 2024

 

Altesse Royale,

Här Chamber Präsident Claude Wiseler,

Här Premier Minister Luc Frieden

Exzellenzen,

Leif Éieregäscht,

Léif Kolleege vu Berlin an Tréier,

Leif Frëndinnen a Frënn vum Lëtzebuerger Handwierk,

 

D‘ Chambre des Métiers ass elo Centenaire. Fir ons, fir d’ Chambre des Métiers, ass et e Moment fir houfreg ze sinn: houfreg op 100 Joer am Déngscht vum Lëtzebuerger Handwierk a vun de Lëtzebuerger Handwierkerinnen an Handwierker Et ass awer och fir ons d’ Geleeënheet, no vir ze kucke wouhinner d’ Rees vum Secteur feiert.

Wien no vir kuckt, däerf awer ni vergiessen, wou een hier kennt, et muss een seng Racinne kennen, fir seng Trajectoire am Bléck ze hunn. Et ass wei mer an der Fahrschoul geleiert hunn: de Bléck an de Réckspigel ass essentiel fir sécher weider ze kommen.

1924, zesumme mat 4 anere Beruffschamberen, ass d‘ Gebuertsstonn vun der Chambre des Artisans, déi 1945 en eegent Gesetz krut a säitdeem als Chambre des Métiers bekannt ass.

Ons Grënnungsjoren an den 20er Jore vum leschte Joerhonnert waren, am Réckspigel gesinn, eng d‘ Period vum „entre-deux-guerres”, vun Net-Krich.

Wirtschaftlech a sozial gesinn, war d’ Zeit vun onser Grënnung eng Period vu relativem Stëllstand. Krisen a Konflikter waren net d’ Ausnam, si waren d’ Reegel. D’ Land huet säi Wee gesicht an och fonnt. Et huet sech no an no nei opgestallt. Fundamental politesch Optiounen si geholl ginn. Zwou strategesch Optioune wëll ech hei ervirhiewen, Am Réckspigel gesinn, sollte si sech fir d’ Zukunft wuertwiertlech als „wegweisend” erausstellen.

Déi 1. strategesch Optioun war d’ Verankerung vum Land an ee gréisseren Zoll- a Wirtschaftsraum fir Wuelstand, Stabilitéit a Gerechtegkeet ze sécheren am Aklang mat den Interête vun den Nopeschlänner zesumme mat der Belsch an da schrëttweis matt den europäeschen Noperen. Een Deel national Souveränitéit an och eng Portioun kollektive Stolz ofginn, dat ass de Präis. „En retour” kritt een dofir mei Fridden, mei Fräiheet, mei Sécherheet a mei Prosperitéit. D’ Chambre des Métiers an d’ Lëtzebuerger Handwierk hunn dat vun Ufank u verstanen an ënnerstëtzen aus Iwwerzeegung déi europäesch Iddi a profitéiere vun der Stabilitéit, déi d’ Europäesch Unioun mam Marché Unique bruecht huet. Als Grënnungsmember vum Interregionale Rot vun den Handwierkskummeren aus der Groussregioun a vu SMEunited vertrëtt d’ Chambre des Métiers esou och d’ Interête vum Lëtzebuerger Handwierk an der EU zu Bréissel a séchert dobäi déi europäesch Zukunft vun onsem Secteur.

Déi 2. strategesch Optioun war d’ Organisatioun vun de Relatiounen tëschent de Sozialpartner. D’ Schafe vun de Beruffschamberen am Joer 1924 ass am Gesamtkontext vum Sozial-Dialog a vum „Modell Lëtzebuerg” ze gesinn, dee lues a lues zu Lëtzebuerg entsteet. De Prinzip vun der obligatorescher Affiliatioun a vun der Elektioun vun de Membere gëtt de Chambere maximal Representativitéit a Legitimitéit. D‘ Abannung an de legislative Prozess gëtt hinnen d’ Méiglechkeet, sensibel Themen „en amont” ze entschäerfen. Domat verhënneren si, dat des Themen „en aval” hire ganze Sprengstoff entfalen.

Mat dem System vun de Beruffschamberen hu mir also ee wäertvollt Instrument geierft : et gëllt dëst ze preservéieren, ze adaptéieren an ze moderniséieren. Mir stinn an der Schold vun onse Virgänger a mir stinn an der Verantwortung vun onsen Nofollger.

D’ Beruffschamberen hunn de Fanger um Bols vun de Leit. Sie sinn de Barometer vun onser Gesellschaft. Hir Avisen an hir Positioune reflektéieren d’ Stëmmungen an d‘ Meenungen am Land, si gläichen engem permanente Referendum. Zesummen hunn d’ Beruffschamberen de Poids vun enger virtueller 2. Chamber. De Lien mat der nationaler Chamber gëllt et an dësem Kontext ze renforcéieren, ze strukturéieren an, firwat net, ze institutionaliséieren. Doraus kéint ee Modell entstoe vu mei Participatioun, vu mei geliefter Demokratie a vu mei gefillter Legitimitéit.

Altesses Royales

Dir Dammen an Dir Hären,

Ënnert dem Impuls vun der neier Handwierkskummer ass d’ Handwierk organiséiert a strukturéiert ginn. Den Accès zum Handwierk, d’ Formatioun am Handwierk, bref, den Handwierkssecteur als Ganzt kruten ee modernen a kohärente juristesche Kader.

An deem Reegelwierk, passt d’ Handwierk sech permanent neie Realitéiten un a spigelt d‘ Dynamik vum Secteur erëm. Sou hunn d‘ Reforme vum droit d’établissement vun 2011 an 2023 nei Linne gezunn an déi künfteg Reform vum Brevet de Maîtrise verankert de fach- a beruffsiwwergräifenden Charakter vun der Formatioun am Handwierk.

Haut steet d’ Handwierk ouni Zweifel an der Mëtt vun onser Gesellschaft. Et ass aus onsem alldeegleche Liewen net ewech ze denken.

D’ Handwierk steet awer net nëmme fest an onser Gesellschaft. D’ Handwierk steet och fest zu onser Gesellschaft. Et steet fir Verantwortung an et steet fir Solidaritéit. D’ Handwierk ass deen 1. Employeur an deen 1. Formateur am Land. Et leescht all Dag ee konkrete Beitrag zur Integratioun vun onsen auslännesche Matbiergerinnen a Matbierger. Et ass ee reegelrechten Integratiounsmotor fir d’ Land a fir d’ Groussregioun. Aus dem sportlechen an associative Liewen ass d’ Handwierk als Sponsor och net ewech ze denken. An spéitstens säit „De Mains De Maîtres” wësse mir alleguer: och am kulturelle Liewe vum Land ass d’ Handwierk eng fest Gréisst.

An d’ Handwierk kennt keng Grenzen. Duerch seng Rationalitéit ass d’ Handwierk e feste Bestanddeel vun an an der Groussregioun.

Heiheem huet d’ Handwierk sech een eegent Haus gebaut vum Handwierk fir d’ Handwierk: zougänglech fir d‘ Famill vum Handwierk a fir all seng Frënn a Partnerinne respektiv Partner; oppe fir nei Gedanken a fir kritesch Stemmen. Et ass een „lieu de rencontre et d’échange” vu Mënschen a vun Iddien.

D’ Chambre des Métiers ass de Gardien vum Haus, als offiziellen an institutionellen Intermediairen tëschent dem Handwierk an der Politik, souwéi der Regierung an de Verwaltungen. Si ass d‘ Parlament vum Handwierk fir d’ Handwierker. An dësem Sënn gëtt si dem Secteur Visibilitéit, Struktur a Berechebarkeet. Als Chamber vum Handwierk vertrëtt déi iwwergräifend Interête vum Handwierk net nëmmen den  Interêt vun engem Grupp vu Betrib, mee och d’ Interête vun den Handwierkerinnen an Handwierker a vun all deenen déi Carrière am Handwierk wëlle maachen.

D’ Chamber huet och vun Ufank u verstanen, dass eng Representatioun a Representativitéit vun engem Secteur nëmme funktionéiert, wa fir den Nowuess gesuergt ass. Mam Gesellebréif, haut dem DAP, a mam Meeschterbréif ass d’ Chambre des Métiers responsabel fir déi Jonk an d’ Handwierk ze kréien a fir se am Handwierk ze halen. Qualitéit, Exzellenz a Perfektioun gi vun all Handwierker verlaangt. Ouni adequat Formatioune sinn dës Fuerderungen net ze halen. 

Dëst huet onse groussherzoglechen Haff kloer erkannt well zënter 1949 präsidéiert ee Member vun der Groussherzoglecher Famill déi feierlech Remise vum Brevet de Maîtrise. Altesse Royale, Dir stitt säit Joerzéngten un onser Säit. Dir sidd präsent, wa mir Iech froen. Dir sidd disponibel, wa mir Iech brauchen. Am Hand-wierk sidd Dir doheem. Altesse Royale, MERCI fir Är Präsenz haut den Owend.

Léiw Invitéen,

D’ Handwierk virbereeden an ënnerstëtzen am Kontext vu muer ass mëttlerweil de Leitmotiv vun der Chambre des Métiers – oder mei modern: MAKE. SHAPE. CREATE. Den MAKE steet fir ons onsen Engagement vis-à-vis vum Entreprenariat, der Kreatioun, der Entwécklung vun onsen Handwierksbetriber. Den SHAPE ëmfaasst ons Iwwerleeunge fir zesumme mat der Politik déi adequate Rahmebedingungen ze schafen deen et dem Handwierk erlaabt sech wieder ze entwéckelen an ze innovéieren. An den CREATE stellt d’ Weiche fir Zukunft vum Handwierksberuff duer, fir all déi Jonk, a manner Jonk, déi hier Zukunft am Handwierk gesinn iwwert d’ Ausbildung an d’ Weiderbildung.

D’ Zukunft an d‘ Gedanken iwwert d’ Zukunft vum Handwierk ginn ëmmer mei zum Häerzstéck vun onser Arabescht. Déi sougenannten „Mega-Trends“ wei beispillsweis Ressourcen-Notzung, Mobilitéit, Connectivitéit, Kënschtlech Intelligenz skizzéiere schonn haut d’ Welt vu muer. Sie stellen ons Gesellschaften an ons Betriber viru gewalteg Defien.

Mir wäerten haut den Owend nach vill iwwert Zukunft am a mam Handwierk schwätzen. Et ass wesentlech de Bléck mei weit no fir ze dréine fir haut schonn déi richteg Weichen ze stellen an d’ Handwierk zu deem  ze maachen, wat d’ Handwierk wëll sinn – nämlech en Handwierk wat haut schonn „future-proof“ ass an seng voll Innovatioun entfale kann.

 

Ech soen MERCI fir d’ Nolauschteren.