Mon entreprise

D'Handwierk am Wandel: Zukunftsgestaltung duerch effektiven Change-Management

  • Publié le 11.03.2024
  • Langue : lëtzeburgesch
Stammdësch

De 6. Mäerz 2024 huet ënnert dem Motto "Austauschen, Léieren an Netzwierken" den éischten eHandwierk Stammdësch vun dësem Joer stattfonnt. 

A gemittlecher Ronn hunn Handwierker diskutéiert, wéi d'Handwierk zu Lëtzebuerg sech och an Zukunft ka kontinuéierlech weider entwéckelen a wéi Change-Management zu dësem Ziel bäidroe kann. 


Dësen eHandwierk Stammdësch, deen an der Brasserie Bloen Eck zu Steeën stattfonnt huet, war eng Geleeënheet fir Fachleit aus villen verschiddenen Beräicher, sech iwwert de momentanen an zukünftege Wandel am Handwierk, a wéi ee säi Betrib op dës Erausfuerderunge virbereet, auszetauschen.

Den Owend huet um 6 Auer am rouege Kader an der Brasserie, bei engem Patt an engem gudde Maufel ugefaangen. Ouni vill Reegelen oder feste Programm, huet all Mënsch sech fräi iwwert dat wat hinne beim Thema Change-Management an dem Wandel am Handwierk wichteg ass ausgetosch.

D'Highlights vun der Diskussioun waren:

  • D'Integratioun vun der Generatioun Z am Betrib, a wéi ee Jonken d’Handwierk méi no bréngt.
  • D'Integratioun vu modernen Technologien am traditionellen Handwierk fir un Effizienz ze gewannen.
  • Digitaliséierung a Moderniséierung vum Betrib fir méi flexibel ze ginn a soumat besser virbereet ze sinn an Zäite vun ekonomeschem Wandel.
  • Nei Iddien zu Virdeeler, déi ee senge Mataarbechter bidde ka fir se laangfristeg am Betrib ze halen. 

Wann Dir och gär beim nächste Stammdësch dobäi wiert, oder fir méi Informatiounen iwwer ons aner zukünfteg Evenementer, besicht w.e.g.: https://services.cdm.lu/gestion-entreprise/digitalisation/infos/agenda oder mellt Iech fir eis Massmailing-Lëscht un: LINK