09.12 Dezember | 17:00
D’Transparenz iwwert d’Hierkonft, d’Produktioun, den Transport, etc. vu Produiten ass wichteg fir d'Entreprisen a gëtt ëmmer méi vum Verbraucher gefrot. D’Blockchain-Technologie erlaabt den Austausch vun Informatiounen tëschent all den Acteuren a garantéiert esou déi néideg Transparenz wat d’Traçabilitéit ugeet, esou dass dës Informatiounen net méi kënne verluer resp. verfälscht ginn esoubal si am Ëmlaf sinn.
An dësem Club Innovation erkläert den Här Kettels vun InfraChain an einfache Wierder wéi dës Technologie fonctionéiert, wat hir Avantagen a Limitte sinn, a wou si fir d’Handwierk vun Interessi ass. Lifteurop a GCL Technologies presentéieren Iech dono unhand vun 2 interessante Beispiller hir konkret Ëmsetzunge fir och Iech méiglech Iddie fir Äre Betrib ze ginn.
Dëse Club Innovation fënnt op lëtzebuergesch statt. Et kascht näischt fir drun deelzehuelen, mee mir bieden Iech Iech iwwert dësen Online-Formulaire bis de 7. Dezember 2020 anzeschreiwen.
OPGEPASST : Dës Editioun vum Club Innovation fënnt online statt. Dir kritt virun der Konferenz ee Link geschéckt.
Programm |
|
---|---|
17:00 |
Blockchain: wat, wéi a fir wien? Tom Kettels, InfraChain |
17:30 |
Alitracer & Coditracer, outils de traçabilité Ferry Plates, Alipa |
17:45 |
En intelligente Stopp fir Wäifläschen Tommy Langers, GCL Technologies |
Dës Konferenz fënnt op lëtzebuergesch statt.
Datum an Auerzäit
Mëttwoch, den 9. Dezember um 17 Auer.
Plaz
Dës Editioun vum Club Innovation fënnt online statt. Dir kritt virun der Konferenz ee Link geschéckt.
Konditiounen
Et kascht näischt fir um Club Innovationdeelzehuelen, mee mir bieden Iech Iech iwwert dësen Online-Formulaire bis de 7. Dezember 2020 anzeschreiwen.
Partner
Enterprise Europe Network
Luxinnovation
Kontakt