Sozialdialog jo, Dialogue de Sourds neen

  • Publié le 23.01.2024

Den Sozialdialog huet et an der Vergaangenheet ëfters erlaabt, Léisungen ze fannen fir ons d’Land weider ze bréngen. Op dat och an Zukunft och den Fall kann sinn, dozou e puer Iwwerleeunge vum Tom Wirion.


D’Gebuert vum Sozialdialog war 1924 mat der Grënnung vun de „Beruffschamberen“. D’Abannung vun de Gewerkschaften a vun den Patronatsorganisatiounen an Diskussioun iwwert sozial an wirtschaftlech Themen huet also eng laang Traditioun a suergt, duerch d’Representativiteit vun den Interête ronderëm den Dësch, fir en legitimmen Austausch iwwert Sujet’en, déi ons all direkt betreffen. Den Dialog huet emol méi oder manner gutt funktionéiert, mee réckbléckend kann ee soen, datt de Sozialdialog de Garant fir den sozialen Frieden hei am Land war. Am Ausland ass dat net ëmmer an iwwerall de Fall.

De Sozialdialog ass awer kee Selbstläufer, mee eppes wat een ëmmer nees fleege muss, fir sécher ze stellen, dass et net just eng Sozialdiskussioun oder en Sozialdebat ass.

Den Dialog ënnerscheet sech nämlech fundamental vun der einfacher Diskussioun oder dem Debat. Et ass e Prozess tëscht de Partner, wou intelligent, iwwerluechten a verifizéiert Donnéeën a Fakten ausgetosch an interpretéiert ginn, fir op eng iwwerzeechent gemeinsam Argumentatioun eraus ze kommen. A komplizéierten Dossieren, wéi zum Beispill der Ofsécherung vun onsem Pensiounssystem, ass dës intellektuell Approche dofir immens wichteg fir sécher ze stellen, dass d’Weiche richteg agestallt sinn.

D’Pensioune ware bei den Chamberwalen d’lescht Joer keen Thema. A fir d’Gewerkschafte si potentiell Ännerungen um Pensiounssystem e rout Duch. Anescht kann ech mir déi rezent hefteg Reaktiounen vun LCGB an OGBL  net wierklech erklären.

Fakt ass nämlech, datt ab 2027 méi Suen aus dem Pensiounsfong ausbezuelt gi wéi Beiträg  abezuelt ginn. Konkret heescht dat, datt mir d’Reserven unzapen fir d’Pensioune kënnen ze bezuelen. Den Previsiounen no sinn 2047 da keng Reserven méi do.

Et muss een net Mathematiker si fir ze verstoen, datt mir dëser negativer Entwécklung entgéint wierken mussen an net waarde solle bis mir mam Kapp an der Mauer sinn. Schliisslech berout onse System op engem  Generatiounevertrag.

Déi nei Ministesch Martine Deprez huet op dës Problematik hi gewisen an e puer Iwwerleeunge skizzéiert. Dat do net alles nom Goût vun den Gewerkschaften ass, kann een nach verstoen. Datt dëst dann als eng Attack op de Sozialdialog ugesi gëtt, ass dann awer e staarkt Stéck.

Wéi virdru gesot, setzt e konstruktive Sozialdialog nämlech viraus, datt ee bereet ass, sech mat Fakten a Parameteren auserneen ze setzen. Dozou gehéieren an dësem Fall och Projektiounen an Zukunft. Mais fir verschiddene Gewerkschaftler si Projektiounen iwwer 10 Joer eraus een Tabu. Villäicht erkläert sech déi Vogelstrausspolitik domat, datt am Abrëll Sozialwale sinn an d’Gewerkschaften sech waarm lafen.

Sollte si net bereet sinn, sachlech Diskussioune mat dem Patronat an der Regierung op Basis vu Fakten a Projektiounen ze féieren, da riskéiert den Sozialdialog hei zu Lëtzebuerg zu engem “Dialogue de sourds” ze verkommen. Eng fir onst klengt Land  geféierlech Entwécklung.