Discours Pot des Présidents 2023

  • Publié le 30.01.2024

Discours Pot des Présidents 2023

Här Premier Minister,
Dir Dammen an Hären Minister, Députéiert an Buergermeeschter,
Dir Dammen an Hären aus de Verwaltungen an aus der Wirtschaft
Léif Frënn vum Handwierk,

Zesummen mat mengem Kolleeg Luc Meyer ass et mir eng besonnesch Freed Iech um Pot des Présidents vun der Chambre des Métiers an der Fédération des Artisans begréissen ze dierfen.
No engem intensiven Waljoer 2023 wou d’Handwierk seng Viirschéi mat den Parteien konnten diskutéieren, hu mer elo eng nei Regierung mat engem neien Programm.
D’Herausfuerederungen, virun denen ons d’Land steet, sin grouss an vielsäiteg. An deem entsprechend héich sin och d’Erwaardungen un déi néi Regierung.
Dem Koalitionsaccord no soll d’Wirtschaftspolitik an Zukunft gestärkt ginn, fir dat et dem Bierger an dem Land weiderhin gudd geet. D’Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Economie gett als Grondvirausetzung fir eng nohalteg Sozialpolitik ugesinn. Ett ass dësst een „Paradigmenwiessel“ deen mir ausdrecklech begréissen.

Här Premier Minister, Dir Damen an Hären,
Esou munch Proposen déi mir virun de Walen formuléiert haten, fannen mir ennert där enger oder aanerer Form am Koalitiounsaccord erem. Elo kennt et dropps un « Neel matt Käpp » ze maachen. Aus den Iddien a Konzepter konkret Mesuren ze maachen, déi séier bei de Betrieber ukommen.
Wirtschaftspolitik ass och Handwierks- a Mëttelstandspolitik. D’Patrons’en vun eisen kleng a mëttelgroussen Handwierksbetrieber brauchen een adequat Emfeld fir déi selleg Herausfuerderungen kennen unzegoen, speziell am Kader vun der digitaler an der grenger Transitioun, matt all hieren Facetten.
Kurzfristeg huet d’Handwierk ower ganz aaner Suergen. Nieft dem Bau, verzeechnen och aaner Handwierksbranchem een staarken Rëckgang vun den Aktivitéiten, mat negativen Perspektiven op déi kommend Méint.
D’Stëmmung am Handwierk ass also nëtt gudd !
Déi schwiereg Situatioun am Bau – ob déi d‘Chambre an d‘Fédératioun säit dem 2. Trimester 2022 opmierksaam maachen - huet sech mëttlerweil zu enger Baukriis
entweckelt matt engem Aussmoos, deen wéit iwert deem läit, wat mer an der COVID-Kris a an der Finanzkriis 2008/2009 kannt hun.
Méi Failliten, en Verlooscht vun Aarbechtsplaatzen, gréisser strukturell Changementer an Kollateralschied an aaneren Wirtschaftssekteuren sin déi kurzfristeg Risiken, denen ëtt gëllt entgéint ze trieden.
Déi aktuell konjunkturell schwiereg Situatioun mecht, datt ett elo fir vill Betriiber nett wärt meigelech sin, fir all Salarié genuch Aarbescht ze hun. An waat d’Baukriis méi laang undauert, waat d’Wunnengekriis, déi mir bis elo nett an den Greff kruuten, sech wärt weider verschärfen. Wéinst der Alterspyramid am Handwierk, wärt d’“pénurie de main d’oeuvre qualifiée“ mëttel a laangfristeg eng Herausfuerdeung sin. Well d’Zukunft vun Letzebuerg gestalten geet nëtt ouni qualifizeiert Handwierkerinnen an Handwierker.

Dir Damen an Hären,
Daat internationalt wirtschaftlech an geopolititescht Emfeld mecht ons vill Kappzebriiches. De STATEC huet eng Récessioun fir 2023 festgestallt. An sengen Previsiounen fir 2024 soll d’Croissance sech op engem déiwen Niveau apendelen.
Ett ass dofir definitiv nett de Moment fir « d’Bengelen bei d’Tromm » ze geheien. Ganz am Geegendeel! Ett geet drems fir eng Hand matt unzepaacken. D’Handwierk geseit sech als « Force de proposition » fir am Dialog matt der Regierung, déi richteg Weichen fir Zukunft matt kennen ze gestalten.
Dësst Joer feiert d’Chambre des Métiers hieren 100. Gebuertsdaag. Zesummen mat den Fédératiounen, huet d’Chambre, als Institutioun vum Handwierk iwwert dëss laang Zäit déi verschidden Entwecklungphasen vum Land ganz entscheedend mattgestalt, a gudden wéi och an manner gudden Zäiten.
Dobei stung den Dialog ëmmer am Mëttelpunkt. Haut steet éis Wirtschaft an éis Gesellschaft virun riesegen Verännerungen.
D’Energiewend, d’nohalteg an écologesch Produzéieren a Schaffen, d’Digitaliséierung, d’Artificiell Intelligenz, wärten d’Handwierk prägen a méi staark maachen.
D’Emstellung vun den Betriiber geet awer nett vum selwen. Dofir wärten d’Vertrieder vum Handwierk sech abrengen fir dëss Transformatiounen aktiv matt ze gestalten.
Dialog matt der Politik ass d’Gebot vun der Stonn! A propos Dialog!
Wann mer vum Dialogue schwätzen, da solle mir den Sozialdialog nëtt vergiessen.
D’Handwierk steet ausdrecklech zu dem Sozialdialog! Dësen soll sech awer am Beschten do ofspillen, wou een Léisungen kann fannen, déi souwuel den Employeur ewéi de Salarié zefriddestellen. Léisungen, déi nett vun gewerkschaftlechen Dogmatismen geprägt sin.
Den Sozialdialog fonktionnéiert an eisen Betrieber ! Datt ass eng Réalitéit! Dorop sin mir houfreg an mir loossen ons dëss Realitéit vu Kengem schlecht rieden.
D’Weichen, déi am Koalitiounsaccord gestallt ginn, droen där Realitéit onser Interpretatioun no Rechnung. An daat ass gudd esou. Vill Détailer sin nach nëtt bekannt an d‘Mesures’en wärten hoffentlech schnell kennen präziséiert gin.
Mir begréissen d’Décisioun vun der Regierung « flexibel Aarbechtsmodeller » um Niveau vun de Betriber anzeféieren an um Prinzip vun der « 40-Stonnen-Woch » festzehaalen. D’Viirbereedung vun enger Réforme vum « Plan d’organisation du travail » an d’Annonce
vun Discussiounen iwwert d’Aféierung vun der « Annualisatioun vun der Arbechtszäit » ginn als positiv ugesinn.
D’Regierung schéint verstaanen ze hun, dat d’Salariés’en an d’Employeurs’en beschtens plazéiert sinn, fir d’Besoins’en vum Betrieb a Punkto Aarbechtszäit-Reorganisatioun ze kennen.
D’Handwierk steet och zum Prinzip vun der « Work-Life-Balance ». Kleng a mëttel Betrieber hun ower an der Praxis vill Schwieregkeeten een verstärken Cumul vun Congés parentales’en ze meeschteren. Dovir eisen Appell un den Aarbechtsminister an un d’Gewerkschaften: Mir mussen oppassen, dat d’Betrieber an Zukunft weiderhin « schaffen » kënnen.
An Zäiten vun engem verstärkten Manktum un qualifizéiertem Personal sinn famillgenpolitesch « Extras’en » eng besonnesch Belaaschtung fir kleng Betrieber.
Dozou kennt dann och nach e Fait deen de Patrons’en säit der Pandémie vill Kappzerbrieches mecht: den Absentéisme, deen säit geraumer Zäit um klammen ass!
Méi Absentéismus an den Equipen heescht ower och méi Aarbecht fir déi Mataarbechter, di am Betriib präsent sin. Dat brengt Drock, deen sech negativ op d’Aarbechtstëmmung an d’Aarbechtsqualitéit risquéiert auszewierken.
Den Koalitionsaccord gesäit vir, dat Préventiouns-Aktiounen kommen an dat alle Formen vun Abus entgéintgewierkt gëtt. Op deem Punkt si mir der Meenung, datt d’Regierung de Salarié méi staark an d’Responsabilitéit sollt huelen – durch eng Eegenbedeelegung a Form vun engem Karenzdaag oder enger reduzéierter Indemniséierung. Während engem Krankenschäin sollt och keen Recht op Congé bestoen.

Här Premier Minister, Dir Dammen an Hären,
Een Indépendant dréit d’Responsabilitéit vum Betrieb an dréit perseinlech de Risiko.
Dësst ass de Basis-Engagement vun all Chef d‘entreprise. Wat ower net dierf sinn, ass dat aktuellt Ongläichgewiicht zweschen dem Statut vum Indépendant an deen vum Salarié um Niveau vun der Sécurité sociale an a verschidden Domäner vum Aarbechtsrecht.
Mir sin der Meenung, dat eng rapid Upassung vun den Texter een starkt Signal wier, speziell an dësen schwieregen Zäiten, wou den Intépendant engem wäitaus méi héigem Risiko ausgesaat ass.
De Begrëff « Handwierk » kennt am Koalitiounsaccord oft vir. Daat begréissen mir. Schliesslech mecht d’Handwierk 21% vun den Betriiber an 20% vum Emploi aus an ass domat den 1. Employeur am Land.
D’Regierung huet verstaanen, dat d’Handwierk als zentralen Acteur an onser Gesellschaft nemmen da kann iwwerliewen an sech weiderentweckelen, wann iwwert déi nächst Joeren d’Attractivitéit vum Secteur gestärkt gëtt.
D’Valoriséierung vun onsen Métiers’en béi de jonke Leit an d’Fro vun der schoulescher a professionneller Orientéierung an d’Handwierk stinn hei am Mëttelpunkt. Dësst ass een laangwieregen Prozess, deen vill Asaatz, Gedold an een konstanten politeschen Support brauch.
Déi nei Regierung geséit eng grouss Promotiounscampagne fir d’handwierklech Beruffer viir an ennerstëtzt domadden d’Ausbildung am Handwierk. Am Koalitionsaccord sin eng ganz Réi intéressant Usätz formuléiert, sowoul am Fondamental ewéi am Secondaire général oder classique. Wéi zum Beispill : d’Afeieren vun enger 1ère/DAP, oder d’Sensibilisatioun vun den Jonken fir d’Entwëcklung vun de manuelle Fähegkeeten, matt Initiativen, wéi z.B. dem« Hallo Handwierk » am Fondamental.
Mat der Ennerstëtzung vum Här Minister Meisch huet den groussen Reformprojet vum Brevet de Maîtrise mëttlerweil eng zolidd Dynamik entweckelt an mir erwaarden ons, daat den neien gesetzlechen Kader, deen um Instanzenwee ass, demnächst um Krautmaart gestemmt kann gin.
Wichteg ass och eng Offer un Heichschoul-Studien am Handwierk an fir d’Handwierk, opzestellen. D’Chambre des Métiers huet dem Edukatiounsminister hir Propositiounen ënnerbreed. D’Ziel soll sin, nierft dem akademeschen Wee, deen schons besteet, een neien, gläichwertegen professionnellen Héichschoul-Kader opzestellen, wéi daat a verschiddenen Länner schon’s den Fall ass.

Léiw Inviteen,
De Manktum un qualifizéierter Main-d’oeuvre wärt an den nächsten Joeren déi gréissten Erausfuerderung vun onser klenger an opener Economie ginn. Déi qualifizéiert Salariés’en aus den Nopeschlänner muss Lëtzebuerg als « Ressourcen-Réserve » gezielt ennerstëtzen, fir dat weiderhin d’Kompetenzen vun Baussen an d’Land era kommen.
An dest ass bei wéitem keen Selbstläufer méi. Zousätzlech an parallell dozou ass eng cibléierter Immigratioun aus Drëttlänner fir d’Handwierk en absoluten „Must“.
Déi aktuell Kriis am Bau biergt de Risque, dat Salariés’en déi an Zukunft vun Plaatzofbau a vun Failliten betraff sinn, dem Secteur de Rëck dréien an als qualifizéiert Main-d’oeuvre dem Bau verluer ginn.
Dësen Scénario, deen aaner Secteurs’en an der Pandémie kannt hun, muss mat alle Moyens’en vermieden ginn.
D’Chambre an d’Fédératioun begréissen ausdrecklech d’Décisioun vun der Regierung d’Constructioun, an de Beräicher Bau vu Residencen an Net-Residencen respektiv Demolitioun a Preparatioun vu Sitte, a Kriisis ze déclaréieren. Domadden kréien déi betraffen Betrieber een conditionnéierten Zougang zum konjonkturelle Chômage partiel a mir vermeiden, dat een Deel vum Personal an de Chômage geet.
D’Mesure gëtt zäitlech begrenzt a mat engem Pâk un cibléierten Mesures’en opgesaat, déi nach virun Fuesend viirgestallt gin. Dëss kurzfristeg Mesures’en, déi enner aanerem fiskalesch Incitatifs’en fir d’Investisseurs’en an den Immobilier an de Logement locatif beinhalten, wärten een Signal sinn fir d’Aktivitéiten am Bau erem unzekuebelen.
D’Regierung huet den Eescht vun der Situatioun erkannt an beweist, dat e schnellt Handelen wichteg ass, fir de Secteur ze redynamiséieren.
Béi den öffentlechen Investitiounen, ass am läschten Joer de Volumen vun Ausschreiwungen wéinst de Gemengewalen an den Chamerswaalen agebrach. Et ass och een verstärkten Präisdrock an een Plus u Konkurrenz an den öffentlechen Märt, déi sech negativ op d’Margen vun den Betriiber ausüben.
An der Zukunft ass e weiderhinn heichen Investitiounsvolumen beim Staat a béi de Gemengen ganz wichteg. Wichteg ass ower och een zäitlecht Viirverleeën vun méi klengen Ausschreiwungen vun Entretien- an Renovatiounsprojets’en. Domat schaaft een d’Méigelechkeet fir Betriiber, déi bis elo nëtt op de öffentlechen Määrt aktiv sin, sech méi verstärkt kennen ze bedeelegen an sech esou ze diversifizéieren.
D’Bau an d’Krise um Logementsmoart sinn enk verstreckt. Mir wärten ons zesummen matt den Partner aus der UEL abrengen fir déi mettel a laangfristeg Mesures déi néideg wärten sin vir d’Logements-Problemer ee vir allem Mol an de Grëff ze kréien.
Méi efficace a séier Prozeduren sin do en wichtegt Steck vum Puzzle. Et muss an Zukunft méi seier kennen gebaut gin!
Dir Dammen an Hären,
Wat d’Klima- an Energie-Kapitel am Koalitiounsaccord ugeet, sou kenne mir déi ugekennegt Mesures’en generell gutheeschen.
Virum Hannergrond, dat eis Betrieber durch di multiple Krisen staark geschwächt sin, brauchen d’Entreprises’en een Programm u Begleedung bei der energetescher Transitioun.
De « Klimapakt fir Betrieber » ass do déi geeegend Plattforme fir d’Koordinatioun vun den sektoriellen Moossnahmen. D’KlimaAgence ass an deem Kontext een gewichtege Partner fir d’Energiewend zesummen matt den Betriiber ze gestalten.
Wann de Regierungsprogramm oft Mesures’en beschreiwt, déi nach ze préciséieren bleiwen, dann fällt ower een präzist chiffréiert Ziel direkt an d’Aa.
Am Kapitel iwwert d’« Simplification administrative“ wëll d’Regierung d’administrativ Chargen bei den PME em 25% réduzéieren. D’Betrieber « entfesselen » a Fräiraum schaafen fir d’Produktivitéitsgewënner durch manner « Reporting »: dëss ugekënnescht Initiativen stoussen beim Handwierk op „oppen Oueren“
An der Vergangenheet ass d’« Simplification administrative » zwar an all Sondesried erwähnt gin. Mais um Terrain ass ower leider de facto d’Charge administrative, speziell vun den klenge Betrieber, erop gaangen.
Am Bereich vun den administrativen Chargen sin mir an Europa an héi zu Letzebuerg Weltmeeschter. Am Sport ganz uewen um Podium ze stoen ass jo ganz positiv. Bei den Prozeduren ass ett genau emgedréit. D’Handwierk begréisst dofir, datt dir, Här Premier Minister, dësen Beräich zu enger vu Ären Prioritéiten definéiert huet, déi wéi een « rouden Foudem » durch eng Réi ministériell Ressorts’en geet.
D’Ewaardungen vun den Betriiber un Politik sin op jidwer Fall grouss an d’Regierung wärt sech un der ugekennegter Politik a Saachen Prozeduren mussen mossen loosen. Mais och bei desem esou wichtegen Thema kann d’Regierung op Vertrieder vum Handwierk als „force de proposition“ zielen.

Dir Dammen an Hären,
De Begrëff « Nohaltegkeet » - oder och nach « Sustainability » - ass, à la base, fir vill Leit een zimlech abstakt Konzept. Mee nett fir Handwierk ! Nohaltegkeet an Regionalitéit sin nämlech an der DNA vum Handwierk. Kurz Weeër, ee klengen Footprint, Emweltverträglechkeet an sozial Verantwortung sinn Prinzipien, déi eis Betrieber all Dag liewen an emsëtzen.
An der Klimaproblematik, a besonnesch bei der Emsetzung vum PNEC, därf et an Zukunft keng contraignant, keng zwengend Mesures’en ginn. D’Dekarboniséierung ass een Prozess iwwert d’Zäit. All Betriib an all Sektor muss do säin Wee selwer kënnen bestëmmen, ouni dat d’Politik Drock opbaut. Dat gëllt iweregens och fir d’Bierger.
Wéi bei all den Transitiounen, déi an eisen Betrieber emgesaat gin, soll een hei getrei dem Motto « Keep it simple » viirgoen, an d’Oploën méigelechst gereng haalen.
Wat d’PME-Politik ubelaangt, wëllen mir op dëser Stell een besonneschen Merci un den Här Minister Delles adresséieren.
An Ärer Funktioun an der fierechter Regierung an an Ärer erweiterter Funktioun als Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus konnt a kann d’Handwierk op Iech als « Ambassadeur » bauen. Et ass ons ganz wichteg déi gudd Zesummenaarbecht mat Iech an Äreren Equipen am Ministère weider ze verdéiwen.
D’Handwierk gëtt am Kontext vun der sekorieller Wirtschaftspolitik vun der Regierung a villen Punkten bestätegt : iwwert den « Pakt Pro-Artisanat », een neien Handwierkerhaff am Süden vum Land, een Programme fir d’Transmissioun vun de Betrieber, d’Economie circulaire oder durch nei Usätz bei den Aktivitéitszonen.
Mir konnten mat Iech, Här Minister Delles, déi wichteg Réforme vum Droit d’établissement nach an der läschter Legislatur ëmsëtzen. Als nächst wichteg Etape verspriechen mir ons vill vun der ugekënneschter Réforme vun den Staatshëllefen – an hei méi speziell an de Régimer fir d’PME, dem Environnement an der Innovation.
D’Fiche d’impact bei den Gesetzesprojets’en, déi ursprünglech fir d’PME geduercht wor, ass een « Exercice de style » ginn, deen wäit eweg vun der initialer Iddi ass : nämlech engem réalitéisnoen « Test PME » !
Virwaat nett bei der Ausschaffung vun Texter eng PME-Klausel virgesin? Dësst wëell heschen : D’Gesetzer mussen sech un éischter Stell un de Belaangen vun den klengen a mëttelen Betrieber orientéieren, an donirft dann fir grouss Betrieber déi néideg Upassungen viirgesinn.
Dëss Viirgehensweis muss onbedingt och um Niveau vun den EU-Institutiounen gëllen.
D’Réalitéit ass awer oft eng aaner. Op EU-Niveau gëtt iwwerreglementéiert. Et brauch een nemmen d’Texter iwwert den RGPD oder d’Facturation électronique ze kucken.
„Keep it simple“ ass do een Friemwuert.

Léiw Invités,
Mir kënne d’Zukunft nëtt viraussoën, mee mir kënnen së gestalten !
D’Handwierksbetrieber gestalten eisen Alldag an domadden och eis Gesellschaft vu muer. D’national an d’europäesch Politik gestalt de Kader an deems mir all évoluéieren.
An enger Welt, déi geprägt ass vun Onsecherheet, vu Krisen a Konflikter, hun Prinzipien wéi „Oppenheet, Toleranz, Dialog, Solidaritéit an Akzeptanz“ eng ganz zentral Bedeitung.
Jiddereen kann dozou beidroen, dat dëss Valeurs’en am neien Joer gestärkt gin.
Am Juni sinn d’Europawalen. D’Handwierk wärt an den nächsten Méint den Dialog mat de Parteien sichen an hinnen seng Proposen fir een résilient, oppent an durabelt Europa am Senn vun den PME ennerbreeden.
Dat ass dat, wat mir Iech haut den Owend wollt mat op de Wee gin.
Mir wënschen Iech een schéint neit Joer an eng gudd Gesondheet an freeën ons Iech den 7. März op der 100-Joresfeier vun der Chambre des Métiers am European Convention Centre kennen ze begréissen. Do kucken mir e Bessen an den Reckspiegel, mais virun allem no fir matt enger Keynote vun engem renomeierten Futurolog.
Merci fir Är Opmierksamkeet.

DON
Dir Dammen an Hären,
Wéi all Joer wëlle mer op dëser Plaz eng Organisatioun ënnerstëtzen, déi sech fir e gudden Zweck asetzt.
D’Organisatioun Trauerwee Asbl begleed d’Kanner an déi Jonk déi een Famillgenmember verluer hun an an déiwer Trauer sinn. Hinnen gëtt eng Ennerstëtzung an engem protégéierten Emfeld proposéiert, wou sie aaner Kanner a Jonker begéinen, déi ähnlech Erfahrungen gemaach hun. Durch dësen Echange, léieren se mat dem Verloscht ëmzegoen. Si ginn an dësem Parcours vun Professionnellen an Bénévolen, déi speziell geschoult goufen, begleed.
Dofir ass et eis eng Freed, Trauerwee mat engem Don vun 5.000 Euro ze ënnerstëtzen.