02.04 April | 10:00

eHandwierk Workshop - en présentiel

Club Innovation - Digitaliséierung am Betrib: Prozesser nei denken, Effizienz gewannen

Maximum Teilnehmer: 15 | Freie Plätze: 10

D'Chambre des Métiers a Luxinnovation, a Partnerschaft mat der Fédération Horticole Luxembourgeoise (FHL) an dem Enterprise Europe Network, organiséieren en exklusiven InfoEvent zum Thema Digitaliséierung. Dës Initiativ riicht sech un d'Betriber aus dem Secteur horticole a soll konkret Pisten opweisen, wéi duerch digital Léisungen d'Kompetitivitéit an d'Effizienz verbessert kënne ginn.


Den Austausch vu prakteschen Erfarunge steet am Mëttelpunkt vun dësem Event. D'Participante kréien en direkten Abléck an d'Erausfuerderungen an d'Succèse vun der Digitaliséierung. Duerch zwee konkret Beispiller aus der Praxis gëtt illustréiert, wéi de Wiessel op digital Prozesser gelénge kann. Den Event bitt de Participanten d'Geleeënheet, aus éischter Hand ze léieren. D'Firma Wagener-Kox deelt hir Erfarunge mat der Aféierung vun engem ERP-System, der allgemenger Digitaliséierung vun hire Prozesser an hiren Zukunftsperspektive mam Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz. Zousätzlech presentéiert d'Firma Cloos & Kraus hiren eegene Wee an d'Digitaliséierung a liwwert wäertvoll Impulser.

Niewent den Témoignagë gëtt en Iwwerbléck iwwer déi aktuell staatlech Support- a Finanzéierungsprogrammer ginn, déi Betriber bei hiren Innovatiouns- an Digitaliséierungsprojete kënnen ënnerstëtzen.

Dëse Club Innovation fënnt den Donneschdeg, 2. Abrëll 2026, vun 10:00 bis 12:00 Auer an de Raimlechkeete vun der Firma Wagener-Kox – Pépinières & Paysages zu Tuntange statt.

D'Participatioun un dësem Event ass gratis. D'Zuel vun de Plazen ass op 15 Persoune limitéiert, an d'Plaze gi nom Prinzip "first come, first served" verginn.

Programme

Heure

Description

10h00 – 10h05

Introductioun an staatlech Hëllefen
Claude Hostert, Luxinnovation & Tom Ehlinger, Service eHandwierk

10h05 – 10h35

ERP-Systemer & Digitaliséierung
Wagener-Kox Pépinières & Paysages

10h35 – 11h05

Eise Wee an der Digitaliséierung
Cloos & Kraus

11h05 – 11h30

Froen & Äntwerten

 

Partner

Kontakt

eHandwierk

(+352) 42 67 67 - 505
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Einschreibung

Informations sur l'événement

Invalid Input

Invalid Input

Vos coordonnées

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

Invalid Input

La Chambre des Métiers s’engage à assurer la protection des données des participants comme détaillé dans les Conditions générales de participation aux formations.

Les participants en présentiel sont informés que des photographies et/ou vidéos non-ciblées peuvent être effectuées lors de cette formation afin de promouvoir l’artisanat et le dynamisme de la Chambre des Métiers. Si un participant ne désire pas apparaitre sur une prise de vue, il doit se manifester auprès du service en charge de l’organisation.

Les participants en ligne sont informés au traitement ultérieur par Cisco System INC. des données suivantes : nom, prénom, et E-mail afin de recevoir les invitations en ligne pour se connecter via la solution Webex.

Invalid Input