06.03 März | 18:00
Dëst Event fënnt op lëtzebuergesch statt.
Ënnert dem Motto "Austauschen, Léieren an Networken", luede mir Iech häerzlech op den éischten Handwierk Stammdësch vum Joer an. Diskutéiert mat, wéi d'Handwierk zu Lëtzebuerg sech och an Zukunft ka kontinuéierlech weider entwéckelen a wéi effektive Change-Management zu dësem Ziel bäidroe kann.
D'Welt vum Handwierk steet virun neien Erausfuerderungen, déi innovativ Léisungen a flexibelt Denke verlaangen. Egal ob et ëm Technologie, Geschäftsmodeller oder d'Entwécklung vun neie Fäegkeete geet, d'Wichtegkeet vun engem Change-Management kann net genuch betount ginn. Dowéinst invitéiert de Service eHandwierk Iech, fir un eisem nächste Stammdësch deelzehuelen a mat ons zesummen doriwwer ze diskutéiere wéi d'Betriber sech am Beschten op d'Zukunft virbereede kënnen.
Kommt an deelt Är Siicht iwwert d'Zukunft vum Handwierk an d'Roll vum Change-Management an dësem dynamesche Secteur.
Mir freeën eis op eng interessant Diskussioun an e wäertvollen Erfarungsaustosch !
Mëttwochs, de 06. Mäerz 2024 vun 18.00 bis 20.00 Auer
Die Teilnahme ist kostenlos, eine Anmeldung über das untenstehende Formular ist jedoch erforderlich.
Informationen über die Teilnahmebedingungen für diese Veranstaltung und die Verarbeitung personenbezogener Daten, die durchgeführt wird, sind in den Allgemeinen Bedingungen für die Teilnahme an Fortbildungen der Chambre des Métiers festgelegt.
Brasserie Bloen Eck
1 Dikricherstrooss
L-9186Stegen (Steeën)