Presse

Arméi verdeelt Masken um Parking vum Findel un d'Handwierksbetriber

  • Publié le 19.04.2020

Wéi de Verdeedegungsministère matdeelt, si fir all Salarié vun de betraffene Betriber 5 Maske virgesinn. Um Freideg war scho groussen Undrang um Findel.


D'Arméi ass den Ament am Gaangen, zesumme mat der Chambre des métiers um Parking "E" um Findel Schutzmasken un d'Handwierksbetriber ze verdeelen. Fir all Salarié si 5 Maske virgesinn.

Déi aner Entreprise kréie se an den nächsten Deeg mat der Post.

D'Betriber si gebieden dem Alphabet no op de Findel hiert Material sichen ze kommen. D'Leit musse sech ausweise kënnen.

Si si gebieden, sech ze renseignéiere wéini si kënne laanscht fueren, heescht et vum Generaldirekter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion. Fir d'Waardezäite sou kuerz wéi méiglech ze halen, war et och den Appell, fir net um Freideg all mateneen dohinner ze goen. D'Aktioun leeft de ganze Weekend vun 9 bis 18 Auer an et kéint een och nach méindes Maske siche fueren.

Lien vers l'article sur RTL