COVID-19 | Commentaire

Carte blanche 11.04.2020 : Letzebuerg am Coronamodus

  • Publié le 11.04.2020

Zu Lëtzebuerg ass d’Fréijoër unkomm, mat bloëm Himmel, villen Faarwen an den Gärt, et summt an et zwitschert wi wann alles ganz normal wier. 

Mais « normal » ass töschenzäitléch näischt mi. An och wann alles esou rouég an onbesuergt wierkt, den unsichtbaren Feind ass do.


D’Welt huet an den leschten 20 Joër eng ganz Reih Crisen kannt, 9/11, d’Immobilien an d’Finankriis d’Crise 2008, mais keng huet alles esou ausgebremst, wéi den Corona: D’Schoulen an d’Chantiers sin zou, an Devise ass Bleiwt Doheem.

Wann ech Moies erwechen froen ech mech ob ech schlecht gedreemt hun. Mais Neen, ett ass d’Realitéit a keen huet eng “ Recette miracle”. D’Betriiber nett, d’Regierung nett, d’Medezin nett. An dovir ass den Aasaatz vun villen Léit all Daag emsou méi bemierkenswert. Respekt an Unerkennung verdengen all déi déi an den Spideeler un eischter Front stinn. Awer och all déi Léit déi dovir suergen dass ons Grondbedürfnesser couvréiert ginn.

Solidaritéit gett nees grouss geschriwen. Daat ass zumindest een Lichtbleck.

D’Kris ass eng sanitär an eng wirtschaftléch. Di sanitär Aspekter hunn momentan Vierrang, mais di wirtschaftléch därf een net vergiessen. D’Handwierk gouf vun der Krise uerg getraff. D’Existenz vun villen Betriiber steht um Spill. Sie ennerstetzen heescht Aarbechtsplatzen retten an domat och Zukunft vun den Salariés an hieren Familien.

D’Regierung huet richteg a wichteg Mesuren fir d’Wirtschaft geholl, aanerer wärten wahrscheinlech nach mussen geholl gin.

En Handwierker, wéi den Numm et schons seet, wellt eng Hand matt upacken, schaffen. Di momentan Verhältnesser loosen et allerdings net zou. Daat ass en echten Stresstest. Séit dem Ufank vun der Crise steht d’Chambre des Métiers am stännégem Kontakt mat den Betriiber an der Regierung fir zesummen déi beschtmeigelech  Leisungen ze fannen. Dest och bei der wirtschaftlecher Reprise, déi gudd geplankt sin muss an wou d’Gesondheet vun den Salariés am Mettelpunkt steht. Perspektiven schaafen ass wichteg.

Den Virus zeechent eis ons Grenzen op. Den Mensch gett vun der Natur ob d’Plaatz gesaat. Dess Krise wärt leider net di lescht an deem Genre sin. Déi nächsten Keier sollten mir ons nett méi iwerraschen loossen.

Ideal wier ett dovir wann d’Betriiber sech an Zukunft kéinten organiseieren fir esou wuel am normalen wéi am Krisenmodus ze fonctionneieren. Autokonstrukteuren déi elo Otemmasken produzeieren, d’Bitzateliers déi Schutzmasken a Plaatz vun Kleeder hierstellen, machen ett ons vir. Esou een Modell ass eng Iwerleeung wärt.

Wann di sanitär Krise iwerstaan ass, dann ass di wirtschaftléch net eriwer. Dovir sollten mir och an Zukunft wéider all un engem Strang zeien. Oder wéi se an Däitschland soën, “das WIR gewinnt”.

An desem Senn schéin Ouschteren.