Chambre des Métiers | Economie | Politique

Onsen Wuelstand ass keng Selbstverständlechkeet

  • Publié le 29.03.2023

Dofir ass et héich Zéit den Standuert Lëtzebuerg fit ze maachen fir Zukunft, eng grouss Erausfuerderung fir d’Politik an d’ Betriber.


Séit dréi Joer befannen mir ons am Krisen Modus. Pandemie, Inflatioun, Krich an Europa maachen der Gesellschaft an der Wirtschaft schwéier ze schafen. An Zukunftsperspektiven a verschiddenen Secteuren, wéi zum Beispill am Bau Handwierk, sinn net roseg. Mais d’Betriber loossen sech net esou séier ënnerkréien. Sie fueren zweegleiseg: Krisebewältegung op der enger Séit an strategesch Zukunftsorientéierung  op der anerer. An genau esou eng Approche erwaarden d’ Betriber sech och vun der Politik.

Wéinst den verschiddenen Krisen war d’Regierung oft gezwongen schnell an “à court terme” Moossnamen ze huelen, eleng oder mat den Sozialpartner. No an no weist sech awer datt et der Politik un Entrepreneursgeescht gefeelt huet fir parallel zum Krisemanagement den Standuert Lëtzebuerg laangfristeg oofzesecheren.

Dat ass problematesch, well spéitstens d’Pandemie an den Krich ons gewisen hunn datt den Erfolleg vum Modell Lëtzebuerg keng Selbstverständlechkeet méi ass.

Des Realitéit schéint leider nach net iwwerall ukomm ze sinn. Ech hunn d’Gefill dass Deeler vun der Gesellschaft nach ëmmer der Meenung ass, et wier alles am gréngen Beräich an den Staat wier do fir iwwerall anzesprangen, vun den sëllegen Gratis Servicer emol guer net ze schwätzen. Jiddereen ass frou gehollef ze kréien an den Staat gëtt zum Universal-Super-Held.

Et gëtt allerdéngs wéineg thematiséiert wou d‘Suen hierkommen. Fakt ass awer datt nëmmen en Staat deen eng staark Wirtschaft huet och en staarken Sozial System kann finanzéieren an net ëmgedréit.

D ’Politik muss sech beweegen. Dat setzt allerdéngs viraus datt Deeler vun der Politik a vun den Gewerkschaften sech erëm fir déi wirtschaftlech an finanziell Fundamenter vun onser Wirtschaft interesséieren. Leider keng Selbstverständlechkeet. D ’Aufgab vun der Politik ass et strategesch a laangfristeg ze denken an en attraktiven Kader ze fixéieren deen d’Wirtschaft stäerkt.  

Mir brauchen weiderhin Talenter aus dem Ausland, eng flexibel  Aarbechtszäitorganisatioun an eng Landesplanung a virop eng Logement Politik déi hiren Numm verdéngt. Eng kompetitiv Finanzplaz bleift wichteg. Donieft ass Diversifizéierung vun onser Wirtschaft en “Must”. Industriepolitik setzt awer viraus datt den Staat  kloer an transparent Reegelen definéiert, wat no Fage, Knauf an viraussiichtlech Google zu Bissen nach ëmmer net den Fall ass. Firwat? Generell brauchen mir manner Bürokratie, méi schnell Prozeduren an d’Iwwerwannung vum administrativen Silodenken  fir datt d’ Betriber ootmen an schaffen kennen.

En attraktiven Standuert brauch och eng attraktiv Steierpolitik an eng Moderniséierung vum Index System. Déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem an eng sozial Selektivitéit sinn schonns laang iwwerfälleg.

D’Erausfuerderungen fir Parteien déi sech bei den Walen dem Bierger stellen sinn also grouss. Realismus, Kompetenz a politeschen Courage sinn do gefrot. Well weiderfueren wéi bis elo bedeit “à terme” d ’Enn vun der Wuelstandsoase Lëtzebuerg.