Presse | Energie | Environnement | Politique

Wat kann COP 27 bewierken ?

  • Publié le 11.11.2022

Dat ass eng Fro déi sech vill Léit am Virfeld vun der 27. UN Klimakonferenz déi zur Sharm El Scheik an Ägypten vum 6. bis den 18. November stattfënnt stellen. Et geet drëms endlech Neel mat Käpp ze maache seet déi ägyptesch Presidence. Mais wéi realistesch ass dat? 


Des Fro ass ëmsou méi pertinent well mir all gesinn datt d’Wierder dauerhaft geännert huet an d’Klimakris an onsem Alldag ukomm ass. Deen wäermste Summer an der EU säit et d’Wiederopzeechnunge gëtt, riseg Iwwerschwemmungen am Pakistan an eng extrem Dréchent a China sinn nëmmen e puer rezent Beispiller déi weisen dat mir schonn’s an enger neier Realitéit ukomm si. 

Wärend klimaschiedlech Emissioune weider erop ginn, wäerten d’Engagementer vun de Länner dozou féieren datt d’Äerderwiermung op 2,5 Grad bis Enn vun dësem Joerhonnert klamme wärt… Sollten des Engagementer dann agehale gi, wat à ce stade der UNO no net de Fall ass!  Mir sinn also wäit ewech vun dem ambitiéisen Ziel vun 1.5 Grad déi 2015 zu Paräis festgehale gouf. 

Dësen Echec spigelt sech och am Numm COP 27 erëm. Trotz 27 Klimakonferenze säit der éischter Konferenz 1995 zu Berlin klëmmt d’Äerderwiermung weider. 

Dat ambitiéist Ziel vu Paräis gëtt net ëmgesat. An der Realitéit ass et nämlech leider esou dat déi räich Länner hier Engagementer net schnell genuch ëmsetzen, an déi aarme Länner sech net genuch engagéiere well Si den Industrialiseierungsprozess vun de westleche Länner nach virun sech hunn.  

Dat heescht net datt keng Efforts‘en gemaach ginn an och an Zukunft sollen a musse gemaach ginn. Europa zum Beispill, als ee vun de bessere Schüler, versicht mat ambitiéisen Programmer säi Beitrag am Kampf géint de Klimawandel ze maachen. D’Energiekris, ausgeléist duerch de Krich an der Ukrain, wierkt do engersäits wéi e Booster an acceleréiert déi energetesch Transitioun an Europa. Et ginn elo massiv Moyen’en fräigesat, fir dass de Kontinent méi effizient gëtt an d’erneierbar Energien ausgebaut gi. Anerersäits ass et esou datt de Verzicht op russesche Gas nieft ekonomeschen Aspekter kuerzfristeg och een immensen Impakt op d’Ëmwelt wäert hunn: mir bezéien elo LNG-Gas, dee mat décken Dieselschëffer erbäibruecht gëtt, oder mir loossen d’Lafzäite vu Kuelekraaftwierker verlängeren. 

Dobäi kennt, dass esoulaang déi grouss Player’en op der Welt, wéi China, Indien oder d’USA, sech net méi engagéieren, déi europäesch Beméiunge keen Impakt op d’Äerderwiermung wäerten hunn. Beim Kampf géint de Klimawandel muss eng eenheetlech global Sprooch geschwat gi, wat an der momentaner Situatioun utopesch schéngt. 

Esou wéi et ausgesäit wäert d’Politik bei der COP27 weiderhi versichen Zieler ze definéieren déi de Klimawandel bremse sollen. Dat ass och gutt esou! Mais wier et net och sënnvoll sech Gedanken ze maachen, wéi ee mam Klimawandel selwer ëmgeet?  

An misst een net och méi éierlech sinn a sech agestoen datt de Klimawandel schonn do ass, an zum Deel net opzehalen ass?  An an där Logik all déi Domainer definéieren an deenen d‘ Technologie et erlabe kann de Klimawandel ze gestalten. Zum Beispill méi Geld an d’Fuerschung vun hëtzeresistente Planzen investéieren, méi Geld fir de Bau an den Ausbau vun Diguen opbréngen asw. Zum Deel geschitt dat schonn’s.   

D’Äerderwiermung verännert d’Welt. Een Katastrofenscenario kann awer evitéiert gi wann mir mat Technologie dogéint halen. Dofir wier et wichteg wann d’COP 27 hier aktuell Strategie an déi Richtung géif erweideren. An dat wgl ganz schnell. 

Tom Wirion

(+352) 42 67 67 - 201
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.
 

Carte blanche du 11/11/2022