COVID-19 | Presse | #BoostHandwierk | Chambre des Métiers | Commentaire | Politique

Wéi eng Lektiounen zéie mir no zwee Joer Pandemie?

  • Publié le 11.11.2022

Virun eppes méi wéi zwee Joer koum de Coronavirus zu Lëtzebuerg hunn. Et war den Ufank vun enger Kris, déi kee gesinn huet kommen. E Stresstest fir d’Gesellschaft, d’Politik, d’Wirtschaft an natierlech fir d’Wëssenschaft.


D’Fro déi sech stellt ass, wat mir aus der Kris kënne léieren a wat mir eventuell an der Zukunft anescht maache sollten. Duerch de Krich an der Ukrain ass de Corona a domat och d’Opschaffe vun de leschten zwee Joer leider an der Hannergrond gerutscht.

Eng wichteg Erkenntnis ass sécherlech déi, datt d’Pandemie a Welle verleeft. Dat hunn u sech Virologe schonns am Ufank vun der Pandemie gesot, mee esou richteg gegleeft huet keen et. Wéi soss ass et sech ze erklären, dat mir am Wanter 2021 genau an der nämmlechter Situatioun waren, wéi schonn’s am Wanter 2020. Gutt méiglech, datt no dem Summer eng nächst Virus-Saison virun der Dier steet. Hëllefräich wier dofir d’Aféiere vun enger Impfflicht, esou wéi vun den Experte proposéiert. D’Impfung ass kee Wonnermëttel. Mä mir wëssen Haut: Impfen hëlleft. An d’Politik ass an der Verantwortung, fir e gesellschaftlecht Liewe mam Covid ze plangen. An de leschte Wochen hu mir nach eppes geleiert: Et kann ee mam Corona liewen, ouni Lockdown, ouni Angscht mee mat Virsiicht.

Wirtschaftlech gesi ware mir am Mäerz 2020 Zuschauer, wéi plëtzlech d’Liwwerketten zesumme gebrach sinn an d’Produkter, déi an aneren Deeler vun der Welt produzéiert ginn, gefeelt hunn. D’Masken "Made in China" waren d'Paradebeispill. Et war den Ufank vun engem Phänomeen deen an esou munche Beräicher bis haut undauert.

Dëst ass ënner anerem d’Resultat vun enger Globaliséierung an där bëlleg Aarbecht outgesourct gëtt. Ob, a wa jo wéi eng Zukunft  eng esou eesäiteg ausgeriichte Globaliséierung wäert hunn, muss sech nach weisen. De Schrëtt a Richtung Produktioun "Made in Europe", an d’Investéieren a méi regional Wirtschaftsmodeller sollten op jiddwer Fall en feste Bestanddeel vun der Wirtschaft vu Muer sinn. An dëst net nëmmen, fir datt mir Krisenzäite manner vulnerabel sinn. Decisioun vum US-Konzern Intel fir eng Mega Chipfabrik an Ostdäitschland opzeriichte schéint an esou eng Richtung ze goen. Tant mieux!

Et gëtt dacks behaapt, d’Pandemie hätt ons erlaabt, e grousse Sprong no vir ze maachen a Punkto Digitaliséierung. Deemno wier Digitaliséierung de grousse Gewënner vun der Pandemie. Dat ass sécher net ganz falsch. Ech denken awer, datt een anert Konzept, een anere Begrëff ganz uewen op der Lëscht vun de Gewënner vun der Pandemie steet: an zwar de Begrëff Smart.

Jo. D’Pandemie huet ons zu neien Iwwerleeungen, zu intelligente Solutioune gezwongen. Duerch d’Pandemie gouf experimentéiert, improviséiert an innovéiert, permanent an iwwerall: an der Politik, an de Schoulen an de Betriber. An Entscheedungen si geholl ginn: séier, onkonventionell an onbürokratescht.

Dovu konnt ee viru Corona dacks nëmmen dreemen. Lo geet et drëms, déi Astellung mat eriwwer ze huelen an d’No-Pandemiezäiten. Déi Defisen, déi an deenen nächste Joren op ons waarden, brauche virun allem "SMART" Solutiounen. Loosse mir ons dat zu Häerz huelen! Oder wéi den Albert Einstein et formuléiert: "Au milieu de toute crise se trouve une grande opportunité ». An dësem Sënn: elo schonns schéin Ouschteren!