Navigation

Bonaria Frères

 

Här Thein, wat mécht Äre Betrib an der Kris? 

Bonaria-Frères ass en Escher Baubetrib a véierter Generatioun mat 150 Leit. All Oarbecht ass bei eis den 18te Mäerz agestallt ginn. 
Mär assuréieren awer weiderhi mat eisem Service d’Urgence 24h/24h den Depannage am Secteur Public vun de Fuitten am Reseau (Elektresch, Gas, Waasser, Post). An der Moyenne gi mär hei vun de Gemengen oder Reseau-Betriber eemol den Dag geruff. 

Sou goufe mär och kuerzfristeg vun der Escher Gemeng em Hëllef gefrot beim Opriichte vum Centre de Soins Avancées an der Rockhal, wou mär zesumme mat der Lëtzebuerger Arméi an der Escher Gemeng opgeriicht hunn. 

Wéi eng Mesuren haalt dir an? 

Donieft schaffe bei eis am Büro reduzéiert 2-3 Leit ofwiesselend. Et ginn hei d'Salaire gemaach, Facturen an Offeren erstallt; dat ganzt natierlech reduzéiert a souwäit méiglech. 

Wéi déi lescht Woch virum Confinement an och no enger eventueller Reprise wäerten eis Oarbechter am Respekt vun de Consignes sanitaires schaffen. 

Wéi ee Message wëll Dir weiderginn? 

Positiv mat dëser Kris ass, datt vill Leit vill Zäit hunn iwwert sech selwer nozedenken an méi Zäit mat hirer Famill hunn. 

Och bei de Betriber solle mär nees nodenke wat mär wou bestellen an datt lokal oft méi nohalteg ass. D’Betriber selwer hunn och d’Zäit iwwert hir Strategie nozedenken an ze verbesseren. 

Ech denke perséinlech, datt ville Leit mat dëser Kris an dem Tornado am Summer opgefall ass, wéi wichteg déi hoart Beruffer vun der Gesondheet & Hygiène, dem lokalen Handel, Baueren, Handwierk an Industrie sinn. Mär brauchen des Beruffer an si musse rëm an eiser Gesellschaft stoark revaloriséiert ginn. Et ass just mat enger stoarker Basis wou mär zu all Moment op all Kris kënne séier äntweren. D'Oarbecht mécht Spaass wann een déi néideg Unerkennung kritt fir dat wat een all Daach fir d'Allgemengheet mécht. 

Ech soen ob dësem Punkt awer och eisem Gouvernement Merci well mär a Punkto Verwaltungen an Hëllefe scho modern a stoark opgestallt. 

E bësse manner Bürokratie fir eis Betriber, wei et sech elo och an der Kris bewisen huet, géing eis och an Zukunft gutt doen!