Navigation

Genista

Ween sidd Dir ? Wat mëscht Äre Betrib?

Gudde Moien, ech sinn den Nico Biever, Patron an Associé vun der Firma Genista. Mir sinn täteg an der Haustechnik a këmmeren eis ënner anerem em d'Installatioun vun Heizungen, Lëftungen, Klimaanlagen, Sanitär Installatiounen an allgemeng Elektrizitéit Installatiounen. 

Wat vir eng Aktivitéit haalt Dir bäi, trotz der Corona-Kris?

Wärend dëser Kris sprange mir weider bei Urgencen an, sief et vir Depannagen, vir Chaudièren ze wiesselen, awer och vir d'Installatioun vu Klimaanlagen an de Containeren am Chem/CHL an um Kierchbierg.

Hutt Dir e klengen Solidaritéits Message vir Är Handwierker Confrèren? 

Als klenge Message vir all d'Handwierker : Mir sinn Entrepreneuren ! Mir si gewinnt Responsabilitéit a Risiko ze huelen! Mir packen dat! ?