Europäeschen Dag vun de Sproochen: Feiere mir d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Méisproochegkeet: De 26. September, um europäeschen Dag vun de Sproochen, gëtt ab dësem Joer och d'Lëtzebuerger Sprooch gefeiert. E speziellen Dag, un deem eis Sprooch an d’Méisproochegkeet am Fokus stinn, dat ënnert dem Motto: Schwätz mat, Lëtzebuergesch verbënnt.
An dësem Sënn mécht d'Chambre des Métiers en Opruff bei hieren Ressortissant'en, an encouragéiert alleguerten Handwierkerinnen an Handwierker, Lëtzebuergesch ze schwätzen. Dëst gëtt jhidderengem d'Geleeënheet, e puer Wuert op Lëtzebuergesch ze léieren. De Kulturministère huet fënnef flott Ausdréck op Lëtzebuergesch erausgesicht, déi een am Beruff oder am Alldag benotze kann. Ënnerstëtze mer eis géigesäiteg, fir dës Expressiounen unzëeegnen, eventuell andeems Dir dëse Bréif un är Mataarbechter verdeelt. Ënnert dësem Link kann een sech dës Expressiounen och ulauschteren, esou datt ee léiert, wéi se ausgeschwat ginn.
Ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Sprooch andeems Dir op si opmierksam maacht a feiert mat eis, mat enger Hellewull un Aktivitéiten iwwer a mat der Lëtzebuerger Sprooch. De komplette Programm fannt Dir um Site vum Kulturministère ënnert
Link mat Informatioune vun der Pressekonferenz
Link mam Programm
Bréif vum Kultuerministère mam Opruff
Elo schonn e grousse Merci fir Äert Engagement fir eis Sprooch an eis Méisproochegkeet, a wënschen Iech e flotten Austausch op Lëtzebuergesch.