Mon entreprise

Carte Blanche vum Tom Wirion - Kreeslafwirtschaft

  • Publié le 23.09.2021

Kommt, mir maachen ons näischt vir! Wie mengt, dass no dem Mangel un Schutzmaterial am Ufank vun der Pandemie, wéi de Masken oder de Beootmungsgeräter oder wéinst der aktueller Penurie u Baumaterialien, verschidde grouss Industrien erëm zeréck an Europa kéimen, fir d'Liwwerketten ze garantéieren, deen täuscht sech gewalteg.


Mir liewen an enger globaler Marktwirtschaft, an do diktéiert nach ëmmer de Präis. Déi zréck an Europa « rapatriéiert » Ekonomiesparte kéinten also nëmmen um Weltmarché konkurrenzfäeg sinn, wa se géife massiv an dauerhaft vun ëffentlecher Hand ënnerstëtzt ginn. Mais dat europäescht Konkurrenzrecht an héich Staatsscholden an de Memberstaate maachen dëst onméiglech.

Mir sollten dofir éischter vun der Debatt profitéieren, fir eise regionale Wirtschaftsmodell ze iwwerdenken an nei opzestellen : ewech vun der Linearitéit, eriwwer an eng zirkulär Kreeslafwirtschaft.

Dovunner géif net nëmmen eist Klima profitéieren, nee : Déi lokal Ekonomie gëtt gestäerkt a virun allem géifen Aarbechtsplaze geschafen a perenniséiert ginn, déi net esou einfach an « Belleglänner » ofwanderen kënnen. D’Handwierk ass per se nohalteg a seng Betriber si wichteg Acteuren an der Kreeslafwirtschaft. Si intervenéieren säit laangem an den Domainer wéi Reparatur, Renovatioun, Innovatioun an Ecoconceptioun vu Produkter. Si si scho säit Jore Virreider zu Lëtzebuerg Punkto Offall-Gestioun.

Den neie Wirtschaftsmodell vun der Circularitéit, deen axéiert ass op dem Vermeide vun Offall, der Weiderbenotzung vu Produiten an dem Asaz vu sekundäre Rohstoffer, kann zu enger Opwäertung vum Handwierk féieren.

An dowéinst läit de Schlëssel zum Erfolleg, déi lokal Ekonomie ze stäerken an ze ënnerstëtzen : duerch minimal administrativ Hürden, duerch finanziell Moyenen, duerch ee konsequente Support technique an ee méi einfachen Accès zu der Recherche an den neien Technologien.

Anerersäits geet et och dorëms, d’Gesellschaft zu de Kreeslafprinzipien ze iwwerzeegen, ewech vum « Wegwerf-Prinzip ».

Dofir muss d’Promotioun fir d’Kreeslafwirtschaft an hir Produkter massiv gesteigert ginn, ugefaangen iwwer Sensibilisatiounscampagnen an de Schoulen, iwwer Informatiounscampagne fir de Grand Public bis hin zu steierlechen Avantagen.

D’Regierung huet mat der Publikatioun vun hirer Strategie iwwer d’Kreeslafwirtschaft een éischte Schrëtt gemaach. Elo geet et drëms, fir schnellstens déi wichtegst Mesuren och elo ëmzesetzen.

Fir dass mir eis net ze laang am Krees dréinen !