Mon entreprise Enterprise Europe Network

Club Innovation - Innovatiounsmanagement

  • Publié le 16.09.2021

Wéi eng Faktore si wichteg fir d'Innovatioun a klengen a mëttelgrousse Betriber ze fërderen?


Wann ee vun Innovatioun schwätzt, dann denkt een oft direkt u Kreativitéit a Spontaneitéit, an net u Struktur a Reegelen. Mee et ass awer wichteg fir eng Firma d'Innovatiounsaktivitéite systematesch ze plangen, ze steieren an ze kontrolléieren, fir d'Iddien optimal ëmzesetzen. Den Innovatiounsmanagement ass d'Asetze vu Gestiounstechniken an -outilen fir favorabel Konditiounen fir d'Innovatioun am Betrib ze schafen.

Wärend dësem Club Innovation kucke mir wat een ënnert Innovatiounsmanagement versteet, wéi ee strukturéiert un dës Aktivitéit erugeet a wéi Luxinnovation Iech dobäi ënnerstëtze kann.

Dëse Club Innovation fënnt op Lëtzebuergesch an online statt. Dir kritt kuerz virdrun ee Link per Mail geschéckt. D'Participatioun kascht näischt, mee mir bieden Iech, Iech bis den 8. Oktober iwwert den Online-Formulaire vum Evenement unzemellen.

Weider Informatiounen fannt Dir hei.