Ma formation continue

Vill Erfolleg den zukünftege zertifiéierte Passivhaushandwierker aus dem Lycée Josy Barthel an dem Atert Lycée!

  • Publié le 22.05.2018
news EFZ+

Déi eng hunn sech mueres op den leschten Dag virun der Päischtvakanz gefreet, wärend déi aner den Examen zum „Zertifiéierte PassivhausHandwerker“ geschriwwen hunn.


16 Schüler a Schülerinnen vun den Ofschlossklassen „Technicien en Génie Civil“ aus dem Lycée Josy Barthel vu Mamer hunn sech den Freiden 18. Mee dem Examen zum {cours 4800F Artisan|certifié|maison|passive} mam Schwéierpunkt „Enveloppe du bâtiment“ gestallt. Do nieft waren och 10 Schüler a Schülerinnen vun der Ofschlossklass „Technicien en équipement énergétique et technique des bâtiments“ aus dem Atert Lycée vu Réiden dobäi, déi den Schwéierpunkt „Technique du bâtiment“ haaten. Den Examen gouf vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mat der Energieagence am Lycée Josy Barthel vu Mamer organiséiert.

Des Zertifikatioun ass um internationalen Niveau unerkannt an ass fir d’Schüler en substantiellen Avantage fir hir spéider Virstellungsgespréicher an esou um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen. Emol engagéiert vun engem Handwierksbetrib kennen d’fäerdeg diploméiert Techniker och nach de Label Energie fir d’Zukunft+ ufroen.

D’Chambre des Métiers wënscht hinnen vill Erfolleg an dono ee gudden Start an déi wuelverdéngte Vakanz!

Informationen zum Label Energie fir d'Zukunft+