Ma formation continue

Vill Erfolleg den zukünftege zertifiéierte Passivhaushandwierker aus dem Lycée Josy Barthel!

  • Publié le 02.06.2017
MamerLJBM

Déi eng schreiwen haut de Premièresexamen, déi aner schweesse während dem Examen zum «Zertifiéierte Passivhaushandwierker».


53 Schüler vun den Ofschlossklassen «Technicien en Génie Civil» aus dem Lycée Josy Barthel vu Mamer stellen sech haut dem Examen zum «Artisan certifié maison passive» organiséiert vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mat der Energieagence.

Des Zertifikatioun ass um internationalen Niveau unerkannt an ass fir d’Schüler en substantiellen Avantage fir hir spéider Virstellungsgespréicher an esou um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen. Emol engagéiert vun engem Handwierksbetrib kennen d'fäerdeg diploméiert Techniker och nach de Label Energie fir d'Zukunft + ufroen. 

D'Chambre des Métiers wënscht hinne vill Erfolleg an dono e gudde Start an e wuelverdéngte Weekend!