Den 30. November 2023 huet ënnert dem Motto "Austauschen, Léieren an Networken" den zweeten eHandwierk Stammdësch stattfonnt.
A gemittlecher Ronn hunn Handwierker sech iwwer d'Zukunft vun der Nohaltegkeet am Handwierkssecteur ausgetosch, a si mat neien Iddien a Andréck heemgaangen.
Dësen eHandwierk Stammdësch, de vun der Chambre des Métiers, an Zesummenaarbecht mat dem Natur- & Geopark Mëllerdall, am Trail-Inn Natur & Sporthotel zu Berdorf organiséiert gouf, war eng Geleeënheet fir Fachleit, sech iwwert d'Bedeitung vun de Nohaltegkeetscritèren am Handwierk auszetauschen. D'Nohaltegkeet spillt eng ëmmer méi grouss Roll fir d‘Clienten, d‘Fournisseuren a souguer d‘Banken. Dofir ass et wichteg, dass Handwierksbetriber sech mat dësem Thema intensiv auserneesetzen an nohalteg Léisungen entwéckelen.
Den Owend huet um 6 Auer am flotte Restaurant vum Trail-Inn, bei engem Patt an engem gudde Maufel ugefaangen. Ouni Reegelen oder feste Programm, huet all Mënsch sech fräi iwwert dat wat hinne beim Thema Nohaltegkeet am Handwierk wichteg ass ausgetosch.
D'Highlights vun der Diskussioun waren:
Fir méi Informatiounen iwwer ons zukünfteg Evenementer, besicht w.e.g.: https://services.cdm.lu/gestion-entreprise/digitalisation/infos/agenda