Navigation

Majerus-Parmentier Constructions

Wie sidd Dir?

Ech sinn de Jean-Luc Majerus vu Majerus-Parmentier Construction.

Wéi ass et zu dëser Mobilisatioun komm?

An dësen Zäiten, wou jidderee vum Corona-Virus aus sengem Alldag gerappt gouf, wollte mir, als Handwierksbetriber, dem Gesondheetssecteur a sengen engagéierte Mataarbechter an alle Beräicher, déi an dëser Kris alldeeglech déi schwéierste Laascht fir eis Gesellschaft ze droen hunn, eise Respekt an eis Solidaritéit ausdrécken. Dofir hu mir decidéiert hinnen, duerch d’Produktioun an den Don vun 1000 Liter Hand-Desinfizéiermëttel a Form vu 500 ml-Spenderfläschen un de Centre Hospitalier du Nord vun Ettelbréck Merci ze soen.

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn?

Nëmmen duerch Solidaritéit an Engagement iwwert säin eegenen alldeegleche Beräich eraus, kann eis Gesellschaft, an Zäite wéi dësen, weider fonctionéieren, zum Wuel vun eis all.