Navigation

Ferber Group

 

Wie sidd Dir a wat hutt Dir gemaach? 

Ech sinn d’Laura Ferber vun der Entreprise FERBER hair&style, Barbershop, Hair’cademy an Hairshop.lu. 

Als éischt hu mir eis Tresorerie analyséiert an Etüde gemaach wat eis dat kascht a wéi laang mir et aushalen all d’Chargen, wéi zum Beispill d‘Charges patronales, de Congé vun där Zäit, an d‘Frais Fixes, ze droen ouni iergendeen Revenu aus de Salonen. 

Mir hunn och probéiert eis Zäit gutt ze notzen. Eis Collaborateuren hunn online Formatioune matgemaach a mir hu verschidde Salonen nei ugestrach an d‘Deko frësch gemaach.

Mir hunn och op eisem YouTube Kanal e puer Videoe mat Tutoriels online gesat wou mir erklären, wéi een sech a senge Bouwen d‘Hoer selwer doheem schneiden oder sech selwer de Baart trimme kann. Hei een decke Merci un de Fred vum Salon Lampertsbierg deen déi gedréit huet. 

D‘Hoer wuessen nees no, par conter wann se futti si wéinst enger Faarf ass dat méi schlëmm. Dowéinst hu mir eise Clienten ofgeroden sech d‘Hoer selwer doheem ze fierwen, well wann dat dernieft geet ass et heiansdo bal onméiglech dat ze rattrapéieren oder et gëtt deier fir d‘Flecken erauszehuelen a charbonnéiert Racine nees schéin ze maachen. 

Mir hunn ausserdeem eise Webshop www.hairshop.lu nach weider developpéiert. Mir liwwere gratis a schnell bei Iech heem an dat ouni Kontakt. 

Mir hunn och zesumme mat der FDA an eise Mataarbechter sanitär Moossnamen, wéi zum Beispill d‘Droe vum Mask, d‘Desinfektioun vum Material (wat scho virun der Kris exemplaresch war) a vun der Schaffplaz, ausgeschafft, fir dass wann et nees opgeet jidderengem seng Gesondheet assuréiert ass. 

Wéi ass et zu dëser Mobilisatioun komm? 

Et war ee richtege Schock fir eis an eis Mataarbechter wou Samschdes gesot ginn ass ab en Méinde sidd dir all zou. Mir kruten och vill Demande vu Cliente wéi si sech selwer d’Hoer kënne schneiden oder fierwen. Well mir gären op si lauschteren hunn mir Tutoriels entwéckelt mat enger kompletter Coupe fir dass si och gesinn, dass Handwierk awer net sou einfach ass. 

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn?

Et ass wichteg, ee klore Kapp ze behalen an zemools net Energie an Zäit ze verléieren an d‘Ist-Situatioun ze bekloen, mee aktiv ze sinn an ëmmer ze probéieren dat Bescht aus enger Situatioun ze maachen, well schlecht Zäite verginn nees. 

An dëser schwéierer Zäit si sech vill Leit bewosst ginn, dass handwierklech Beruffer an déi aus dem medezineschen, transport an alimentaire Beräich ganz wichteg sinn. Ech hoffen, dass dëst eise Beruff revaloriséiert an dass mir gläich nees eis Beruffung, d’Leit sech wuelfillen ze loosse mat Häerz a Séil ausübe kënnen.