Navigation

Hufbeschlag Kaspar

 

Wie sidd Dir a wat maacht Dir?

Ech sinn den Andrea Kaspar an ech si vu Beruff Houfschmadd. Ech sinn do fir de Päerd hier Houf auszeschneiden a mat neien Eisen ze beschloen.

Firwat gitt Dir nach ëmmer bei Är Clienten? Huet sech fir Iech eppes an Ärem Beruffsalldag geännert?

Päerd hier Houf mussen all 6-8 Woche beschloen oder korrigéiert gi fir hier orthopedesch Gesondheet ze erhalen. Dofir fueren ech och wärend dem Confinement eraus bei d’Leit fir no hire Päerd ze kucken. Vue datt ech un de Päerd schaffen, kann ech meng Aarbecht maachen ouni a Kontakt mat de Proprietären ze kommen an esou mäin Ëmfeld a mech optimal schützen.

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn?

Mir sinn do fir no Äre Päerd ze kucken, dofir kuckt Dir no Iech andeem Dir sou vill wéi méiglech doheem bleift a nëmmen déi néidegst Zäit am Stall verbréngt.