Navigation

Institut de Beauté Alexa Ballmann

 

Wee sidd Dir a wéi ee Betrib hutt dir?  

Mäin Numm ass Alexa Ballmann an ech hunn 2 Institut de Beauté, een zu Éiter op der Gare an een zu Niederanven an der Syrdall Schwemm.  

Wéi schafft Dir an der Kris?

An der Kris hunn ech profitéiert fir mäi Betrib ëmzestrukturéieren. Ech hunn organisatoresch villes iwwerduecht an verbessert fir Zukunft.  Mam néidege Recul vum Alldag, an dem een oft keng Zäit dofir huet, konnte meng Equipe an ech elo vill Punkte verbesseren.

Ausserdeem hu mir an engems profitéiert fir eisen Institut an der Zäit ze erweideren, ze erneieren an eng Kabinn zousätzlech anzeriichten.  
Ech hunn des Fermeture wéi eng 2. Chance d‘ouverture genotzt just mat 9 Joer Erfarung.

Fir eis Client‘en hunn mir wärend dem Confinement kleng Videoe gemaach vir hinnen ze weisen wéi si sech weiderhin doheem fleegen kënnen an wat si op eisem Online Shop bestellen kënnen. Zousätzlech hunn mir all Dag flott Posten a Video-Noriichte vun eis op de soziale Medie gemaach fir mat eise Leit a Verbindung ze bleiwen.

Wéi ee Message wëllt Dir de Leit mat op de Wee ginn?

Mäin Liblingszitat: „Life is what happens to you while you‘re busy making other plans“ :-)

Domat wëll ech soen: Och an dëser Zäit de Kapp net hänken loossen an ëmmer dat Bescht aus der Situatioun maachen. Positiv no vir kucken an Zäit am Confinement notzen fir sech ze verbesseren. 

Mir freeën eis elo scho wann mir rëm dierfen eis Dieren opspären. Passt op iech op a bleift gesond.